
Fir d’Eischt emol – all meng Gléckwënsch! Well wanns du hei op der Säit gelandt bass dann sëcher wells dir grad umgangen sidd är Hochzäit ze plangen!
Obwuel ech léiwer den “du” hunn, wäerdt ech elo an den nächsten Zeilen eischter den “dir” benotzen – well ech jo denken dass du daat heiten mat dengem Partner zesummen kucks an plangs! Dofier net zevill duercherneen ginn well ech vun “du” op “dir” sprangen
Dass ok wann der nach keen Datum hudd oder eng Location an der awer schon no e puer Infos siicht. Dofier hunn ech probéiert op dëser Säit iech mat all den néidegen Infos ze versuergen. Falls awer nach Froen sollten sinn – kënnt der mer emmer nach eng Mails schréiwen!
Wichteg fir mech ass et just dass der wësst, dass ech keng Hochzäit op déi liischt Schëller huelen. All Hochzäit ass aaneschters an all verdéngen meng voll Opmierksamkéet an Professionalitéit déi ech bidden kann. Ech fotograféieren elo säit 2017 haaptberuflech an ech hunn dei eischt Hochzäiten net alleng op meng Kaap geholl – mee ech wuar laang als zwéeten Fotograf ennerwée fir mech esou fortzebilden an dorobb fierzebereeden lues an lues grouss Hochzäiten alléng ze meeschteren. An jo – waat soll ech soen? Ech sinn haut nach oft nervös an daat ass ganz normal!!
Et ass een groussen Daag deen een net einfach esou nachengkéier widderhuelen kann – dofier sinn ech och mega dankbar fir jiddfereen deen mer säin Vertrauen schenkt!
Nach Froen? Vläit fannt der hei schon d’Äntwert:
Ech hunn verschidden Packagen dei op d‘Stonnenbasis gerechnet ginn. Ech begleeden natierlech och mei kleng Gemengenhochzäiten, do ass vun 2h – kompletten Daag (maximum 14h) alles dobäi! :)
Mir ass et wichteg transparent ze sinn, an ierch bäschtmeiglechst ze berooden. Et ass emmer schwiereg Präiser online ze schreiwen, well oft souvill Informatiounen dobäi stinn, fierwat den Präis esou ass. Hei sinn dei Präiser dei och wierklech an menger aktueller Präislëscht fir Saison 2026/27 stinn:
Mini Reportage (2h) inkl. Gemeng + Eirenpatt + Gruppenfotoen + Mini Shooting: 750€
Natierlech kann een do och eng oder zwou Stonnen dobäi buchen wann engem 2h net duer gin.
Fir déi méi grouss Hochzäiten bidden ech Packagen vun jeweils 6h, 9h & 12h un. Do fänkt den Präis dann bei 2200€ un.
An och hei kann een flexibel Stonnen bäibuchen falls zbs 9h zevill sinn oder 6h ze mann.
Dir kriit do vun mir natierlech och eng grouss Selektioun vun bearbeschten Fotoen. D‘Fotoen kriit der dann op engem USB vun mer, an fir är Gäscht léen ech och nach eng Online Galerie un, wou sie dann ouni ierch ze stressen, hier Fotoen kënnen rooflueden. Je no Package kommen nach aaner Details & Goodies dobai!
Fir wéider Infos, einfach mir eng Email schreiwen. (Am bäschten nach den Datum + Hochzäitslocation dobäi schréiwen – esou kann ech och direkt kucken ob ech dann nach disponibel sinn) Ech schecken ierch dann direkt PDF wou alles detailleiert dransteht wou waat bei weiengem Package drann ass.
Doduerch dass ech jo meeschtens vun doheem starten, verrechnen ech ab 100km aller-retour 0,30/km (2026 Präislëscht) vun Lenningen aus (klengt Duerf an der Muselgeigend) op der Endrechnung.
Generell fotograféieren ech zu Lëtzebuerg selwer an och ronderëm. Ass är Hochzäit awer elo an engem ganz aneren Land kann een mech natierlech och buchen :)
Jo natierlech! Sou Fotoen sinn wierklech flott well der déi kënnt benotzen bei der Personaliséierung vun ärer Hochzäit an sou gesitt der och dass et keng Hexerei ass flott Fotoen ze mann :)
Mer hoffen natierlech dass esou eppes nimools géing geschéien mee an esou engem Fall kriit der natierlech direkt den Acompte zrèck an ech hellefen dann och direkt een Fotograf ze fannen deen disponibel ass.
Näischt hält éiweg, an natierlech kommen sou Situatiounen ëmmer wann een se am mannsten kann gebrauchen.. Mee ech hunn ëmmer nach eng drëtt Kamera dobäi am Fall wann esou eppes wier :)
Dat ass eng Fro déi ëmmer schwéier ze beäntwerten ass, mee ongeféier kritt der bei enger 8-10 Stonnen Reportage em déi 700-1000 beaarbecht Fotoen. Natierlech ass et ofhängeg un der Locatioun, dem Programm an d’Unzuel vun den Gäscht vun ärer Hochzäit. All Fotoen gi vun mir eraus gesicht an och vun mir all eenzel beaarbecht. Ech limitéieren mech do net – dofier kann et dann och en bessi méi laang daueren bis dass der är Fotoen kriit (normalerweis 5-12 Wochen).
Nee, wann der d‘Original Fotoen onbedéngt wëllt hunn sinn ech leider den falschen Fotograf fir iech.
Dir kriit Fotoen vun mir iwwert een Downloadlink geschéckt an dir kriid och eng Online Galerie fir dass är Gäscht hier Fotoen mei einfach erooflueden kënnen. Reportagen ab 6h kréien Fotoen och nach op engem USB Stick.
Nee, mee ech hunn Kollegen dei Fotoboxen verlounen, déi menger Meenung no dei qualitativ am bäschten ass. Sie benotzen keng LED Luuchten fir d’Foto mee richteg Studioblëtzer – dofier ginn Fotoen dann richteg gudd ausgeliischt an gesinn menger Meenung no einfach besser aus. Ech kann mech do während den Events och mat hinnen an Verbindung setzen wann irgescheen Problem sollt sinn. Fir ze buchen: www.cliqomat.lu
Dat léift Wierder kann een leider net beaflossen.. Mer probéieren den Dag selwer eis bescht, mee ech gesinn et net an eis an den Reen ze ze zwéngen, dass all eis Kleeder naass an Frisur zerstéiert sinn. En plus ass meng Kamera och Waasserschei ;) Wann et net sollt goen, huelen mer den Shooting ouni Opräiss einfach no.
En puer Fotoen gesäit een hei op menger Websäit, well een der méi gesinn fënnt een mech op Instagram ënnert @lovebychrissie_ (www.instagram.com/lovebychrissie_) oder op Facebook Love by Chrissie – Wedding and Couple Photographer (www.facebook.com/lovebychrissie). Wann der een RDV mat mer ausmaacht, kënnt der am Studio all meng Albumen duerchkucken an wann der wëllt kann ech iech och aktuell Galerien wéisen.
Nee just wann dir dat wëllt. An mengem Kontrakt kennt der uginn ob ech dierf e puer Fotoen weisen oder net. Och wann der „jo“ ukräizt froen ech iech dono awer nach weien Fotoen ech weisen well. Fotoen vun Kanner weisen ech just mat Averständnis vun den Elteren! Ech wier natierlech awer mega dankbar wann ech keint en puer Fotoen wéisen.
Nodeems den Kontrakt ënnerschriwwen gouf froen ech een Acompte vun 40% vum final Betrag. Den Rescht bezuelt der eréischt wann ech Fotoen ofgeliwwert hunn :)
1 Comment
vidalista black tablets
vidalista black tablets