
Den Dessous Shooting ass fir dech. Net well’s de muss, mee well’s de kanns. E klenge Selbstboost, e Moment fir dech ze gesin, esou wéi’s de bass – feminin an staark!
Den Wanter kënnt – an dei meescht vun iech wëssen waat daat heescht: Dessous Shootings kommen nees zrèck. Dessous Shootings vun Mëtt März bis Oktober an der Summerpaus. Reservatiounen huelen ech erreicht ab September nees un.
Fir är Fotoen & Biicher sëcher fir Krëschtdag an Vältesdag fäerdeg sinn, ass hei d’Limite vun den Datumen:
Mat Buch:
Krëschtdag: 29.11.2025*
Feltesdag: 17.01.2026*
Nëmmen Bearbeschtung vun den Fotoen:
Krëschtdag: 14.12.2025*
Feltesdag: 07.02.2026*
Shootings dono sinn och nach emmer méiglech, mee ech kann NET garantéieren dass alles rechtzäiteg fäerdeg gëtt. (* dir musst är Auswahl vun den Fotoen an deem Zäitraum fäerdeg kréien wou mir deen Daag vum Shooting ausgemaat hunn. Wann dir méi Zäit braucht bei der Auswahl – loosst mech et einfach wëssen fir dass ech mech dorobb anstellen kann :) ansonsten kann ech net garantéieren dass ech Fotoen nach fäerdeg kréien oder ech muss iech Supplément verrechnen.)
Fir mech ass et immens wichteg d’Fotoen esou äesthetesch wéi méiglech ze haalen, dofier ginn Fotoen och just an deem Stil gema wei ech se hei op der Websäit weisen. Dir hudd nach puer Iddien & Wënsch? Keen Problem! Erzielt mer dovunner an ech probéieren mäin Méiglecht fir et emzesëtzen.
Hei fannt der dei verschidden Packagen vun den Dessous Shootings; Dir wësst elo nach net direkt weieen Package iech gefällt, keen thema! Dir kënnt ganz einfach während der Selektioun vun ären Fotoen entscheeden wéieen Package am bäschten passt.
Ps: Hei maan mer egalwéi och déi Wasserdrëpsen Fotoen! Außer dir wëllt net :)
Wéider Detailer zu den Shootings fannt der an der PDF hei drënner:
KLENG INFO:
Den Shooting gëllt just als offiziell reservéiert wann een Acompte vun 250€ iwwerwiisen gouf!!
Annulatioun:
Du muss schon deng eegen Saachen matbrengen. Du kanns roueg en bessi vun allem matbréngen, Ennerwäsch, Hierm, Body, Kimono asw. Waat méi auswahl – waat méi Méiglechkeeten. Héisch Schung brauchs de keng matzebrengen! Du kriis awer vun mir nach eng Lëscht mat Fiirschléi wous du anpaacken kanns.
Daat ass absolut guer keen Problem! :) Ech verlaangen vun kengem dass en schon Erfahrung mat Shootings huet! Ech weisen dir anhand vun Beispill Fotoen waat mer genee maan, an soen der weieng Posen een kéint maan.
Däin Gesiicht gesäit een schon op den Fotoen, mee net an form vun enger schéin ausgeliichtener Porträitfoto. Daat ass weinst der Luucht an Stil vum Shooting, deen ech net kann veränneren.. Wanns de gäeren Portrait Fotoen wëlls hunn, dann ass daat en ganz aaneren Shooting..
Tattoos sinn bei dësem Shooting immens schwiereg an Szeen ze setzen. Doduerch dass d‘Luucht vun der Sait kënnt an sou d‘Fotoen immens vill Kontrast hunn, kann et sinn dass een den Tattoo herno guer net oder just hallew gesäit.
Ech kennen daat nemmen allt ze gudd! Meng Aufgaab als Fotograf ass et, fir dech bäschtméiglech an Szeen ze setzen an och ze berooden. Et gin e puer Tricker wei een kann Problemzonen verstoppen oder net bemierkbar ze maan. Dofier eegnen sech zbs Hiermer, Kimons oder Jacketen immens gudd!
Natierlech! Fir mech ass et wichteg, dass dir Iech wuel fillt!
Nee, ech sinn just Fotograf. Fir den Photoshooting ass et elo och net noutwendeg extra een Make up
Artist ze buchen. Op den Fotoen wäerdt een guer näischt vun Makeup erkennen, bessi Wimperntusch an gekämmten Hoer, sinn awer nie verkéiert.
Ech sinn genrell emmer oppen fir néi Iddien, mee un dësem Shooting hunn ech vill Häerzblutt drangestach fir dass et fir jiddfereen maachbar, äesthetesch an och authentesch ass. Ech wees wéieng Posen gudd wierken an wéieng en bessi komesch eriwwerkommen. Dass den Shooting méi „daischter“ gehaalen ass, dréiht einfach nach dozou bäi dass Fotoen net bëlleg sollen wierken.
PS: et kommen keng Féiss op d‘Fotoen. Mäin Studio & den Set sinn weder fir Ganzkierperfotoen, nach fir
Fotoen um Buedem geduecht
Du kanns ongefeier 60-90min anrechnen. Zäit vum Shooting variéiert net mam Package. Dass emmer
den selweschten „Programm“. Den Ennerscheed zu den Packagen ass d‘Unzuel vun den Fotoen dei dir
iech eraussiichen kënnt an ob der nach een Buch dobai wëllt hunn.