loader image

About Me

Moien, ech sinn d'Chrissie!

Waat 2010 als Hobby ungefangen huet – dierf ech säit 2017 als mäin Alldaag bezeechnen: all klengen an ongestallten Moment fir d’Eiwegkeet festhaalen and den Léit deen néidegen Push vun Selbstvertrauen erëm zrèckgin!

Ech sinn vun der wonnerschéiner Muselgeigend an säit 2019 hunn ech mäin Atelier zu Déifferdéng am 1535° Creative Hub.

Zu mir – an nee, ech zielen iech elo net déi typesch Geschicht dass schon vun klengem un gären Fotoen gemaa oder do schon geduecht dass daat meng Berufung ass:

Meng ganz Aventüre huet erréicht am Lycée ungefangen, do stoung eigentlech fir mech ganz am Uffank kloer – ech wëll Kënschtlerin ginn. Egal ob moolen oder Fotoen maan – haaptsaach kreativ sinn! No deem Motto sinn ech och an den Lycée des Arts et Métiers (Ltam) gangen mee no der enger an aanerer Enttäuschung hunn ech dunn angesinn – ech an Biller moolen, daat ass awer net esou daat waat ech mer fiergestallt hunn. An do ass mer dann am éischten Fotocours opgefall, dass mer d’Fotografie méi Glécksgefiller bréngt ewei opzepassen dass een bei den Pastellfaarwen net ganz Zeechnung verwëscht. Wéi mer eis dunn mat der Analoger Fotografie beschäftegt hunn an nach an d’Dunkelkammer gaangen sinn, wuar et fir mech ganz kloer:

Ech wëll Fotograf ginn!

Ech sinn en relativ éierlechen Mënsch an erwuarden mer daat amfong och vun deem géigeniwwer. Dofier verspriechen ech och kengem daat bloot vum Himmel an falls et iech interesséiert – ech sinn och keen “award winning photographer”.  Ech haalen näischt vun Competitiounen wou een en Abo muss bezuelen fir säin Award ze kréien/haalen. 

Ech géing mech sëlwer als en relativ langwéilegen, introvertéierten an deels och onsëcheren Mënsch beschréiwen, ech sinn mega gäeren doheem, schaffen am Gaart oder maan einfach mol den ganzen Owend näischt an sinn frouh net “eraus” ze mussen. Well gleewt mer eent – ech hunn den Lockdown 2020 voll genoss. Mée wann et em Hochzäiten geht – ass et genée emgekéiert! Do sinn ech dann voll an mengem aaneren Element, néi Léit kennen zeléieren – aanerer erëmzegesinn (Lëtzebuerg ass kléng) an dass ech dierf quasi all Weekend op en puer Hochzäiten “danzen”.

PS: Wann Musék gudd ass – fannt dir mech sëcher owes op der Danzfläch, well och mat den Kamera’s am Grapp kann een sech gudd amüséieren!

falls der et nach net wosst:

Jo, ech wëll! ganz gären äre Fotograf sinn!

egal ob fir eng Hochzäit, en Familyshooting oder wanns de einfach mol engkéier Fotoen wëlls vun dir alleng hunn! Ech géing mech mega fréeën vun dir an dengen Wënsch ze héieren!

Chrissie
My Philosophy

Photographs capture only the moments; but since every moment is very important in human life, every photo is also very important!

some facts about me

CHAOTESCH

mee organiséiert! Den Kamerarucksack, d’Späicherkaarten an d’Festplacken sinn all numeréiert, sortéiert an hunn hier fest Plaatz – mee doheem sinn ech den gréissten Chaot.

ONROMANTESCH

an ech ginn et och gären zou – mee wann ech är Fotoen wäert beaarbechten, leeft warscheinlech niewebäi eng True Crime Dokumentatioun oder eng Dokterserie um Fernsee. 

NIE AM LIEWEN

wollt ech Hochzäitsfotograf ginn, bis ech een Kolleg op eng Hochzäit begleed hunn –  do gouf meng Meenung ganz schnell erëm ëmgestëmmt!

NUETS EIL

Ech sinn méi produktiv wann et dobaussen scho däischter ass. Dofir wonnert iech net wann der eng Mail vun mir moies um 2:00 kriit. 

REESEN

maan ech immens gären, mee ech fannen doheem ass et awer nach am schéinsten.

AN DER KIERCH

kann ech net aaneschters, mee do muss ech emmer gaapsen.. ups :)

POLARLIISCHTER

wëll ech onbedéngt engkéier gesinn och wann se schon hei zu Lëtzebuerg wuaren.

GATE OF HEAVEN

zu Bali hunn ech mer meng Foto beim “Gate of Heaven” ge-photoshopt, well mer keng Loscht haaten 2-3h an enger Réih ze stoen.

Genuch vun mir - elo ass et un dir!