
Koppelfotoe si méi wéi nëmmen schéin Biller: se haalen esou villes fest! Wéi der zesumme laacht an wéi der matenee sidd an dat ganz op eng natierlech Aart. Et geet net ëm perfekt Positiounen, mee ëm echt Momenter tëscht zwou Persounen, déi sech gär hunn.
Dir – esou wéi der sidd!
Kënnen mer déi Fotoen och op eis Save-the-Date Kaarten benotzen? – Absolut! Dir kënnt dono mat deenen Fotoen maan waat der wëllt! Natierlech fréeën ech mech wann se dono souguer op Save-The-Date Kaarten benotzt ginn.
Kann ech eisen Mupp matbréngen? – Jo natierlech! Just wann mer op eng extra Location ginn, missten mer fierdrunner kucken ob d’Hënn do erlaabt sinn.
Each image in this portfolio is a testament to the emotions, laughter, and profound connections that define wedding celebrations. From the tender moments shared during intimate ceremonies to the joyous celebrations that fill the dance floor, these photographs aim to encapsulate the essence of love in its various forms. Our portfolio represents a harmonious blend of contemporary, documentary, and artistic styles. Whether it’s the stolen glances, the heartfelt vows, or the grandeur of the day.
Wou fënnt den Shooting statt?
Den Shooting fënnt dobaussen statt an wäerdt an der Géigend vun Lenningen (Muselgéigend) stattfannen, ech kann ierch do puer Fotoen weisen vun den Plaatzen wou ech ganz gäeren Fotoen maan. Falls der awer eng speziell Plaatz am Kapp hudd, wou mer den Shooting sollen maan, kennt der mer daat gären schreiwen :) Fir Shootings dei ausserhalb vun mengem Homeoffice zu Lenningen stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour) verrechnen.
Um wéivill Auer fënnt den Shooting statt?
Am léifsten am spéiden Nomëtten/Owend – daat kënnt emmer op d’Joereszäit un. Fotoen ginnn nämlech am bäschten wann d’Sonn net mei all ze héisch steht.
Waat sollen mer undoen?
Dir kënnt undoen waat der wëllt, haaptsaach ass dir fillt iech wuel! Bei mei groussen Gruppen ass et allerdengs flott wan der iech faarwlech oofschwätzt. Ech geing vun knallegen Faarwen oder Marken (wou den Logo ganz grouss drop zegesinn ass) verzichten.