
“Zäit rennt!” – deen Ausdrock kënnen mer an no 2020 huet jiddfereen vun eis d’Gefill dass Joer elo schon erëm ëm ass obwuel mer erreicht Silvester geféiert hunn. Dofier ass et mer emsou méi eng Freed e puer kleng Momenter, déi fir ëmmer bléiwen, fir iech festzehaalen.
Momenter, déi fir ëmmer bléiwen
Fir wéen sinn Family & Friends Sessions zum Beispill geduecht?
Natierlech sinn och ganz vill aaner Konstellatiounen méiglech! Dir kënnt daat ganzt och bëssi oofwandelen an dorauser een “Mommy & Me” / “Geschwëster” / “Pätterchen and Giedelchen” – Shooting maan. Et ginn esouvill Méiglechkeeten!
Dir hudd nach nie een Shooting gemaacht? – Absolut keen Problem. Ech begleeden iech duerch den ganzen Shooting an ginn iech d’Posen fiir déi trotzdem nach natierlech an net zevill “geposet” wierken.









Wou fënnt den Shooting statt?
Den Shooting fënnt dobaussen statt an wäerdt an der Géigend vun Lenningen (Muselgéigend) stattfannen, ech kann ierch do puer Fotoen weisen vun den Plaatzen wou ech ganz gäeren Fotoen maan. Falls der awer eng speziell Plaatz am Kapp hudd, wou mer den Shooting sollen maan, kennt der mer daat gären schreiwen :) Fir Shootings dei ausserhalb vun mengem Homeoffice zu Lenningen stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour) verrechnen.
Um wéivill Auer fënnt den Shooting statt?
Am léifsten am spéiden Nomëtten/Owend – daat kënnt emmer op d’Joereszäit un. Fotoen ginnn nämlech am bäschten wann d’Sonn net mei all ze héisch steht.
Waat sollen mer undoen?
Dir kënnt undoen waat der wëllt, haaptsaach ass dir fillt iech wuel! Bei mei groussen Gruppen ass et allerdengs flott wan der iech faarwlech oofschwätzt. Ech geing vun knallegen Faarwen oder Marken (wou den Logo ganz grouss drop zegesinn ass) verzichten.