
E Boudoir-Shooting ass genrell e flotte Wee, fir dir selwer e Moment ze schenken – oder dengem Partner eng iwwerraschend, perséinlech Freed virun der Hochzäit oder um Joeresdag ze maachen. Bridal Boudoir ass däi private Moment: liicht, elegant, natierlech. An heller Ënnerwäsch, mam Schleier oder Moieskimono – méi brauchen mer net, mee haaptsaach ass: du fills dech wuel!esou wéi’s de dech wuel fills.
E Kaddo, deen an Erënnerung bléiwt!
Du kanns däin Shooting mat dëser Optioun fir 250€ erwéideren:
Weini ass et am bäschten den Shooting ze maan? – Dofier dass mer fir deen Shooting mat der Daagesluucht schaffen sinn dëss Shootings just vun Uffank Abrëll bis Enn September méiglech! Falls Fotoen sollen fir en bestëmmtenen Datum sollen fäerdeg sinn, kommunizeiert mer daat w.e.g. direkt via Mail.
Waat muss ech alles matbrengen? – Du brauchs e puer vun dengen Lieblings Dessous, är HochzäitsEnnerwäsch (falls dei net do ass, normal wäiss saachen maan et och), en wäissen Body, den Schléier oder den Kimono. Dir kënnt roueg en bessi vun allem anpaacken. Den Styling ass net mat anbegraff mee dir kënnt een Makeup Artist bei mer buchen
Photography for me is not looking, it’s feeling. If you can’t feel what you’re looking at, then you’re never going to get others to feel anything when they look at your pictures.
Kann een och als Koppel den Shooting maan? – Nee, dësen Shooting maan ech just mat Eenzelpersounen.
Wou gëtt den Shooting gemaa? – Dës Sessioun fannen bei mir am Studio zu Déifferdeng statt. Den Studio ass um Site vum 1535° Creative Hub (115, rue Emile Mark L4620 Differdange). Wanns de awer elo wéil Fotoen bei dir Doheem man oder an engem Hotelzëmmer ass daat generell och keen Problem. Bedenk just dass den Stil vun den Fotoen (hell/vill Kontrast/ etc) vill vun der Luucht an der Räimlechleet oofhänkt. Fir Shootings déi ausserhalb vun mengem Homeoffice zu Lenningen stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour) verrechnen.