Book me – White Dress

Moien

Fier d'eischt emol:
du brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen.

Wou?

Dëse Shooting fënnt bei mir am Duerf statt, mir treffen eis bei mir doheem an fueren dann op dei Plaatz :)

D'Adress mat Erklärung schécken ech réicht den Daag fierdrunner fort, sou kann ech nachengkeier nofroen ob eisen Shooting nach steht an kann der deemnowei nach wichteg Informatiounen mat gin.

Ooflaaf

Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Paack just gudd schung an an Hautfaarweg Ennerwäsch.

Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.

Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt (et gin zwée separat Links gescheckt: engkéier mat den bearbeschten Fotoen an engkéier mat den onbearbeschten Fotoen).

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop. Eischtens ass do net genuch Plaatz drop, an et dauert bis Fotoen faerdeg exportéiert sin.

Bezuelen

Soubaal dir ären Shooting bei mir gebucht hudd, kriit dir vun mir all Donnéen fir den Shooting fix ze reservéieren. Dofier froen ech den klengsten Package-Preis.
Dovunner sin 50% en Acompte non-remboursable (!). Wann den Shooting an manner wei 24h oofgesoot haalen ech 100% dovunner zrèck. Dir hudd awer 2 Méint Zäit fir ierch een néien Datum rauszesiichen.

Beispill:
Dir wëllt een White Dress Shooting maan. Den klengsten Package kascht 350€. Dir iwwerweist mir dei nach fierum Shooting, an soubaal der är Fotoen rausiicht, iwwerleet der Ierch ob der bei den 10 bearbeschten Fotoen bleiwt, oder een Upgrade maacht. Differenz vum Upgrade berechnen ech Ierch dann, an soubaal dei Rechnung beglach ass, maan ech mech un d'Bearbeschten vun den Fotoen.
Dh ab deem Zäitpunkt rechnen ech mat deenen 1-4 Wochen Bearbeschtungszäit.

Wann Suen nach net iwwerwiisen goufen, den Daag vum Shooting ass och nach keng Panik ungesoot :) Der kriit nämlech reicht den Link, deen fir Selectioun vun den Fotoen geduecht ass, wann den Minimum-Package bezuelt ass.

Deluxe

-

500.00TTC

15 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Ongeféier 30-60min Shooting
Fotoen gin bei mir an der Géigend gemaa bei enger Schéier.
Den Styling ass net mat anbegraff.
Supplément pro retouchéiert Foto: 20€