Book me – People&Pets

Moien

Fier d'eischt emol:
Dir brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera ze hun fier esoueen Shooting! :)

Dëst ass den perfekten Shooting fir wann der e puer flott Erënnerungsfotoen wëllt hun mat ärem "tierischen"-Begleeder. Den Shooting ass net nëmmen fir Hënn, mee egalweieen Hausdéier der hudd, deen ierch wichteg ass, kann um Shooting deelhuelen! :) Natierlech dierfen och den Frënd, Schwester, Papp asw. matdeelhuelen.

Punkto Kleedung: Doo näischt ze grelles un, mee bleiw derawer tréi. Dh doo eppes un wouranners de dech och wuelfills. Wann mei Persounen um Shooting deelhuelen, ass et wichteg dass der ierch bessi oofschwätzt waat der undidd. Soudass net een méi eraus-stëscht, oder sech d'Kleeder dono geigensaiteg baissen! :)
Am einfachsten ass et deen moment einfach uewen waissen oder schwaarzen Shirt an Jeans Box unzedoen.

Wou?

Dëse Shooting gëtt dobaussen gemaa, hei hunn mer mei Fraiheeten fir mei natierlech Fotoen ze maan an do kënnen och nach puer Léit mat dobäi sinn!

Den Shooting kann zu Déifferdeng oder zu Wormeldange stattfannen, ech kann ierch do puer Fotoen weisen vun den Plaatzen wou ech ganz gäeren Fotoen maan.

Falls der awer eng speziell Plaatz am Kapp hudd, wou mer den Shooting sollen maan, kennt der mer daat gären schreiwen :)

Fir Shootings dei ausserhalb vun Deifferdeng oder Wormeldange stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour) verrechnen

Ooflaaf

Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Schwätzt ierch just vun den Kleeder hier oof, dass der Faarwlech bessi beineen passt. Wichteg ass awer, dass dir Ierch an ärer Kleedung wuelfillt!

Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.

Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop.

Standard

-

500.00TTC

20 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Ongeféier 30-60min Shooting
Supplément pro retouchéierten Foto: 15€
Fotoen gin dobaussen gemaa. Liest ierch w.e.g. uewen d'Sparte "Wou?" duerch, et keinten eventuell Frais de Transport dobaikommen

Deluxe

-

600.00TTC

35 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Ongeféier 30-60min Shooting
Supplément pro retouchéierten Foto: 15€
Fotoen gin dobaussen gemaa. Liest ierch w.e.g. uewen d'Sparte "Wou?" duerch, et keinten eventuell Frais de Transport dobaikommen