Book me – Mini Dessous



Moien
Fier d'eischt emol:
du brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen.
Wou?
Dës Sessioun fannen bei mir am Studio zu Déifferdeng statt. Den Studio ass um Site vum 1535° Creative Hub (115, rue Emile Mark L4620 Differdange). Opgepasst, mir hun zwar een groussen Parking um Site, mee dir selwer musst do fir ären Auto angehéien (1€ fir 90min)
Ooflaaf
Selwescht wei beim normalen Dessous Shooting, kennt der hei verschidden Ennerwäsch anpaacken (leiwer mei matbrengen, sou kennen mer kucken waat am bäschten op der Foto erauskënnt), an och Schmuck deen ierch wichteg ass oder wou der wëllt op den Fotoen drop hunn.
Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.
Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.
Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop. Eischtens ass do net genuch Plaatz drop, an et dauert bis Fotoen faerdeg exportéiert sin.