Book me – Beauty

Hello!

Bei dësem Shooting ass et wichteg dass der professionell geschminkt an gestylt gidd. Dofier schaffen ech mat mengem léifsten Makeup Artist zesummen, mat deem ech elo schon iwwer 7 Joer zesummen schaffen.

Fir mech ass et och wichteg ze wëssen, waat der Ierch fierstellt, dofier mellt ierch w.e.g. fréih genug fir den Shooting, sou dass mer deen och plangen kënnen. Dofier scheckt mer w.e.g. och an ärer Unfroo e puer Fotoen vun Ierch, soudass den Makeup Artist dann och schon kucken kann, waat genee zu Ierch passt.

 

Update 2021:

Duerch Erfahrung vun den läschten Joeren hunn ech mech elo dozou entscheedt den Styling mat am Präis unzebidden. Ech wees dass ech op main Team zielen kann, an mir zesummen eppes kreéieren waat mir niemols bei aaneren geingen hinkreien.

Leider huelen dei Beauty Shoots mer emmer immens vill Zäit an der Bearbeschtung eweg, dei ech net hunn, an dofier schaffen ech elo mat professionellen Retoucheuren zesummen, dei ganz genee wëssen, dass et mer wichteg ass, dass een sech herno nach selwer dono op den Fotoen erkennt. 

Dofier hunn ech och do missten den Präis unpassen, mee ech kann ierch verooden, dir wäerdt absolut net enttäuscht ginn!

Wou?

Dës Sessioun fannen bei mir am Studio zu Déifferdeng statt. Den Studio ass um Site vum 1535° Creative Hub (115, rue Emile Mark L4620 Differdange). Opgepasst, mir hun zwar een groussen Parking um Site, mee dir selwer musst do fir ären Auto angehéien (1€ fir 90min)

Ooflaaf

Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Breng och vill verschidden Uerwerdeeler mat. Boxen an Schung sin net sou wichteg, well ech jo just Portraits maan. Wichteg ass awer, dass dir Ierch an ärer Kleedung wuelfillt! 

Direkt noom Shooting siichen mer eis zesummen d'Fotoen eraus.

Nodeems d'Fotoen fäerdeg bearbescht sinn, kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.

Bei dësem Shooting kriit der net dei Original Fotoen.

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET direkt schon drop.