Book me – Babybelly



Moien
Fier d'eischt emol:
Dir brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen.
Wou?
Dëse Shooting gëtt dobaussen gemaa, hei hunn mer mei Fraiheeten fir mei natierlech Fotoen ze maan an do kënnen och nach puer Léit mat dobäi sinn!
Den Shooting kann zu Déifferdeng oder zu Wormeldange stattfannen, ech kann ierch do puer Fotoen weisen vun den Plaatzen wou ech ganz gäeren Fotoen maan.
Falls der awer eng speziell Plaatz am Kapp hudd, wou mer den Shooting sollen maan, kennt der mer daat gären schreiwen :)
Fir Shootings dei ausserhalb vun Deifferdeng oder Wormeldange stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour) verrechnen
Ooflaaf
Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Schwätzt ierch just vun den Kleeder hier oof, dass der Faarwlech bessi beineen passt. Wichteg ass awer, dass dir Ierch an ärer Kleedung wuelfillt!
Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.
Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.
Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop.