Book me – Babybelly Indoor
Moien
Fier d'eischt emol:
Dir brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen.
Opgepasst! Dësen Shooting ass eischter just alleng fir Mommy's-to-be geduecht. Mäin Studio ass leider ZE kleng fir eng zwéet Persoun oder dei ganz Famill mat anzebannen. Sou 2 Fotoen/Posen sinn maachbar mam Partner, mee aus Platzmangel ass leider net mei méiglech.. :) Dofier geing ech ierch eischter den Outdoor Shooting recommandéieren. Zwar sinn mer do oofhängeg vum Wierder, mee mer hun dobaussen einfach vill mei Fräiheeten an Méiglechkeeten ewéi am Studio.
Wou?
Dës Sessioun fannen bei mir am Studio zu Déifferdeng statt. Den Studio ass um Site vum 1535° Creative Hub (115, rue Emile Mark L4620 Differdange). Opgepasst, mir hun zwar een groussen Parking um Site, mee dir selwer musst do fir ären Auto angehéien (1€ fir 90min).
Ooflaaf
Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Fir dësen Shooting kanns de puer Saachen anpaacken deis de flott fenns. Waat flott ass, ass wann den Bauch emmer fräi ass, doduerch gesäit een en besser op den Fotoen. Daat wichtegst ass awer, dass dir Ierch an ärer Kleedung wuelfillt!
Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.
Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.
Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop. Eischtens ass do net genuch Plaatz drop, an et dauert bis Fotoen faerdeg exportéiert sin.