Book me – 70 Nightshooting

Moien

Fier d'eischt emol:
du brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen.

Wou?

Dësen Shooting gëtt an der Stadt gemaa, mer treffen eis sou geint 19/20h op der Plaatz wou mer ausgemaacht hun.

Ooflaaf?

Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Am bäschten brengs de puer Kleeder mat dei dir gefaahlen an ech kucken engkeier mat dir driwwer waat op den Fotoen gudd riwwerkennt. Wichteg ass awer, dass dir Ierch an ärer Kleedung wuelfillt!

Location vum Shooting ass an der Stadt, dir kennt Ierch se raussiichen oder ech proposéieren eng. 

Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.

Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop. Eischtens ass do net genuch Plaatz drop, an et dauert bis Fotoen faerdeg exportéiert sin.

Standard

-

550.00TTC

15 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Ongeféier 60-90min Shooting
Fotoen gin baussen gemaa an sin schwaarz/waiss.
Den Styling ass net mat anbegraff.
Supplément pro retouchéiert Foto: 20€