
Är Famill erwaard an nächster Zäit Nowuess? Et ass eng opreegend Zäit dei op een duer kënnt. Eng Zäit déi ewéi eng eenzegaarteg Rees. Vun den éischten klengen Beweegungen am Bauch bis bei déi grouss Virfreed op dat neit Liewen – et sinn Momenter voller Léift, Spannung an Erwaardung. Momenter, déi et wäert sinn, festgehalen ze ginn.
E klengt Wonner – grouss Gefiller!
Weini ass et am bäschten den Shooting ze maan? – Ech recommandeieren den Shooting ab der 30ten SSW ze maan. Du kanns den Shooting och éischter maan, kuck wei’s du dech fills.
Ween kann ech alles matbrengen? – Ob eleng, mat dengem Léifsten, den zukünftege Grousselteren oder dem Hond, deen dech schonn ëmmer begleet – däi Schwangerschaftsshooting soll esou individuell sinn wéi’s du bass.
Dir hudd nach nie een Shooting gemaacht? – Absolut keen Problem. Ech begleeden iech duerch den ganzen Shooting an ginn iech d’Posen fiir déi trotzdem nach natierlech an net zevill “geposet” wierken.
Wou fënnt den Shooting statt?
Den Shooting fënnt dobaussen statt an wäerdt an der Géigend vun Lenningen (Muselgéigend) stattfannen, ech kann ierch do puer Fotoen weisen vun den Plaatzen wou ech ganz gäeren Fotoen maan. Falls der awer eng speziell Plaatz am Kapp hudd, wou mer den Shooting sollen maan, kennt der mer daat gären schreiwen :) Fir Shootings dei ausserhalb vun mengem Homeoffice zu Lenningen stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour) verrechnen.
Um wéivill Auer fënnt den Shooting statt?
Am léifsten am spéiden Nomëtten/Owend – daat kënnt emmer op d’Joereszäit un. Fotoen ginnn nämlech am bäschten wann d’Sonn net mei all ze héisch steht.
Waat sollen mer undoen?
Dir kënnt undoen waat der wëllt, haaptsaach ass dir fillt iech wuel! Bei mei groussen Gruppen ass et allerdengs flott wan der iech faarwlech oofschwätzt. Ech geing vun knallegen Faarwen oder Marken (wou den Logo ganz grouss drop zegesinn ass) verzichten.
1 Comment
itstitle
excerptsa