Book me – your Wedding

Hei kriit der ganz vill Infos (FAQ - oft gestallten Froen), wei och e puer Reviews an eng Gallery! Bei Interess kennt der mech via Facebook oder Email kontakteieren!
FAQ
Weieng Packagen bidds du un?

Ech hunn verschidden Packagen dei op d'Stonnenbasis gerechnet ginn. Ech begleeden natierlech och mei kleng Gemengenhochzäiten, do ass vun 2h - kompletten Daag (maximum 14h) alles dobäi! :)

Wou léien mer Präislech bei dir?

Mir ass et wichteg transparent ze sinn, an ierch bäschtmeiglechst ze berooden. Et ass emmer schwiereg Präiser online ze schreiwen, well oft souvill Informatiounen dobäi stinn, fierwat den Präis esou ass. Hei sinn dei Präiser dei och wierklech an menger aktueller Präislëscht vun Dezember 2022 stinn:

Bei engem Mini Reportage (Gemeng + Eirenpatt + Gruppenfotoen mat Famill an Frënn + Mini Shooting vun der Brautkoppel) deen ongefeier 2h dauert, froen ech 650€
Do kriit der och eng grouss Selektioun vun bearbeschten Fotoen, deen der dann via Downloadlink per Email kriit.

Fir déi méi grouss Hochzäiten bidden ech Packagen vun jeweils 6h, 9h & 12h un. Do fänkt den Präis dann bei 1950€ un. Dir kriit do vun mir natierlech och eng grouss Selektioun vun bearbeschten Fotoen. D'Fotoen kriit der dann op engem USB vun mer, an fir är Gäscht léen ech och nach eng Online Galerie un, wou sie dann ouni ierch ze stressen, hier Fotoen kënnen rooflueden. Je no Package kommen nach aaner Details dobai!

Fir wéider Infos, einfach mir eng Email schreiwen:)
Ech schecken ierch dann direkt PDF wou alles detailleiert dransteht wou waat bei weiengem Package drann ass!

Kommen "frais de déplacement" op eis duer?

Jo, ech verrechnen ab 50km aller-retour 0,30/km vun Lenningen (klengt Duerf an der Muselgeigend). Ech verrechnen déi awer erreicht op der Endrechnung, an net schon um Devis. Duerch den Corona goufen oft schon Last Minute lauter ännerungen punkto Location, an sou kann ech ierch dann och sëcher dei richteg Kilometerzuel verrechnen.

Wann der op verschiddenen Plaatzen deen Daag "féiert", dann verrechnen ech ierch just den Wée wou am wäitsen ass fir mech, net nach dei aaner Zwëschenstopps.

Wou fotograféiers du?

Generell fotograféieren ech zu Lëtzebuerg selwer an och ronderëm. Ass är Hochzäit awer elo an engem ganz aneren Land kann een mech natierlech och buchen :)

Mir sinn interesséiert dech als Fotografin ze buchen, wei ginn mer elo fir?

Am beschten setzt der iech mat mer an Kontakt, sou kennen mer een RDV ausmaan an eis eng kéier treffen an kucken op mer op enger Wellelängt sinn. Den Dag vun ärer Hochzäit musst dir mir Vertrauen, an dat kann een just wann een sech mol kenneléiert :) 

Kann een och een "Engagement" Shooting bei dir buchen?

Jo natierlech! Sou Fotoen sinn wierklech flott well der déi kënnt benotzen bei der Personaliséierung vun ärer Hochzäit an sou gesitt der och dass et keng Hexerei ass flott Fotoen ze mann :) 

Wat geschitt wanns de eemol krank gess?

Mer hoffen natierlech dass esou eppes nimools géing geschéien mee an esou engem Fall kriit der natierlech direkt den Acompte zrèck an ech hellefen dann och direkt een Fotograf ze fannen deen disponibel ass.

Wat ass wann deng Kamera futti geet?

Näischt hält éiweg, an natierlech kommen sou Situatiounen ëmmer wann een se am mannsten kann gebrauchen.. Mee ech hunn ëmmer nach eng drëtt Kamera dobäi am Fall wann esou eppes wier :) 

Wéi vill Fotoen kréien mer ongeféier?

Dat ass eng Fro déi ëmmer schwéier ze beäntwerten ass, mee ongeféier kritt der bei enger 8-10 Stonnen Reportage em déi 900-1200 beaarbecht Fotoen. Natierlech ass et ofhängeg un der Locatioun an dem Programm vun ärer Hochzäit. Di Fotoen gi vun mir eraus gesicht an och vun mir all eenzel beaarbecht. Der erhaalt e puer duebeler déi eng kéier faarweg an schwaarz wäiss sinn.

Kréien mir och déi Original Fotoen?

Nee. Éischtens mann ech op enger eenzeler Hochzäit iwwer 100GB Fotoen déi onméiglech sinn engem ze ginn an Zweetens gitt der och net bei den Bäcker an frot no den Original Ingredienten an erwaarde iech dat selwecht Resultat. Wann der just dorobber eraus sidd déi Original Dateien ze kréien sinn ech leider den falschen Fotograf fir iech. 

Wéi kréien mer Fotoen?

Bei klengen Reportage kritt der Fotoen vun mir op engem USB Stick. Bei méi groussen Reportagen kritt der Fotoen um USB an DVD. Der kritt Fotoen eng kéier an der Originalgréisst déi ech "_print" nennen, an eng kéier bëssi verklengert déi "_web" heeschen. Zousätzlech kritt der Fotoen nach an enger Onlinegalerie déi der ären Gäscht kennt schécken an déi hir Fotoen sech kennen selwer eroflueden.

Kann een eng Fotobox bei der buchen?

Et kann een se net direkt bei mir mat buchen mee ech schaffen mat enger Firma zesummen wou der se kennt direkt online buchen. Opriichten an ofriichten maachen dann entweder ech oder een aus dem Team. Fir ze buchen: www.cliqomat.lu

Wat mann mer bei schlechtem Wierder?

Dat léift Wierder kann een leider net beaflossen.. Mer probéieren den Dag selwer eis bescht, mee ech gesinn et net an eis an den Reen ze ze zwéngen, dass all eis Kleeder naass an Frisur zerstéiert sinn. En plus ass meng Kamera och Waasserschei ;) Wann et net sollt goen, huelen mer den Shooting ouni Opräiss einfach no.

Wou kann een weider Fotoen vun der gesinn?

En puer Fotoen gesäit een hei op menger Websäit, well een der méi gesinn fënnt een mech op Instagram ënnert @lovebychrissie_ (www.instagram.com/lovebychrissie_) oder op Facebook Love by Chrissie - Wedding and Couple Photographer (www.facebook.com/lovebychrissie). Wann der een RDV mat mer ausmaacht bréngen ech och mäin Portfolio mat wou der natierlech nach een méi déiwen Androck kritt.

Ginn eis Fotoen dono op Instagram oder Facebook gewisen?

Nee just wann dir dat wëllt. An mengem Kontrakt kennt der uginn ob ech dierf e puer Fotoen weisen oder net. Och wann der "jo" ukräizt froen ech iech dono awer nach weien Fotoen ech weisen well. Fotoen vun Kanner weisen ech just mat Averständnis vun den Elteren!

Wei leeft et punkto Bezuelung? Wëlls du een Acompte?

Nodeems den Kontrakt ënnerschriwwen gouf froen ech een Acompte vun 30% vum final Betrag. Den Rescht bezuelt der eréischt wann ech Fotoen ofgeliwwert hunn :)

Reviews (Facebook)
“Mega sympatech, oppen fir all style fun fotoen, mir haaten Chrissie fir eis Hochzeit an sen mega begeeschtert fu senger arbescht et lount sej wirkleg hat ze buchen.Also et waert net dei letzt keier sen wou mir hat buchen.Merci nach engkeier fir alles du hues eisen Daag perfekt gema mat denge Biller an sen dm Luca dankbar das heen mir dej proposeiert huet an sen gleckleg das ej ierch zwee als frenn gewonn hun”

Num W.
“Merci Christine fir deng wonnerschéin Fotoen! Du hues all Moment getraff an ais besonneg an aisem Herz! Duerch dech kënnen ma emmer rem op den onbeschreiwlechen Daag zrëckblecken! An all Moment nofillen! Deng Aarbecht war super, alles huet gepasst! Mat ganz vill Léiwt zum Detail!”

Estelle M.
“Christine huet meng komplett Hochzait vun Freides bis Sondes begleed, huet all Moment festgehallen. Fotoen sinn fantastesch ginn an hat war dei Deeg nett nemmen Photographin mee och Seelsorger an Krisenmanagerin. Ech geiw Christine emmer rem fir meng Hochzait buchen (hoffen mir dass et just eng bleiwt). Grousen Merci un dech, Christine fir dei mei wei gelongen Arbescht am deng Gedold!”

Anne W.
  • Estelle M.
    Merci Christine fir deng wonnerschéin Fotoen! Du hues all Moment getraff an ais besonneg an aisem Herz! Duerch dech kënnen ma emmer rem op den onbeschreiwlechen Daag zrëckblecken! An all Moment nofillen! Deng Aarbecht war super, alles huet gepasst! Mat ganz vill Léiwt zum Detail!
  • Num W.
    Mega sympatech, oppen fir all style fun fotoen, mir haaten Chrissie fir eis Hochzeit an sen mega begeeschtert fu senger arbescht et lount sej wirkleg hat ze buchen.Also et waert net dei letzt keier sen wou mir hat buchen.Merci nach engkeier fir alles du hues eisen Daag perfekt gema mat denge Biller an sen dm Luca dankbar das heen mir dej proposeiert huet an sen gleckleg das ej ierch zwee als frenn gewonn hun
  • Anne W.
    Christine huet meng komplett Hochzait vun Freides bis Sondes begleed, huet all Moment festgehallen. Fotoen sinn fantastesch ginn an hat war dei Deeg nett nemmen Photographin mee och Seelsorger an Krisenmanagerin. Ech geiw Christine emmer rem fir meng Hochzait buchen (hoffen mir dass et just eng bleiwt). Grousen Merci un dech, Christine fir dei mei wei gelongen Arbescht am deng Gedold!