Book me – Family Shooting

Keng Fotoen?! Jo, leider weisen ech hei ganz bewosst keng Fotoen vun den Familienshootings. Bis elo haat ech nëmmen Fotoshootings wou och kleng Kanner derbei wuaren. Dei Fotoen weilt ech ierch jo am léifsten all wéisen well se sou léif sin. Mee fir Privatsphäre vun den Kanner ze schützen weisen ech se net öffentlech. Dir kennt Ierch awer fierstellen dass den Familienshooting naischt aaneres ass wei een Koppel mat enger klénger Persoun méi. Natierlech kënnt der och gäeren ären Hond matbrengen. Den Shooting gëtt och nëmmen baussen an der Natur gemaa, well mer do méi Méiglechkeeten hun an och Unzuel vun den Leit do ganz egal ass:)
Info

Family & Friends - ass fir all dei geduecht wou endlech mol Fotoen wëllen zesummen als Famill hunn (well mer wëssen jo, dass een als Elteren mat Kand der nie genuch huet), mat sengen allerbäschten Kollegen oder mat sengem tréien Begleeder op 4 Patten.

Wou?

Dëse Shooting gëtt dobaussen gemaa, hei hunn mer mei Fraiheeten fir mei natierlech Fotoen ze maan an do kënnen och nach puer Léit mat dobäi sinn!

Den Shooting wäerdt dobaussen an der Géigend vun Lenningen (Muselgéigend) stattfannen, ech kann ierch do puer Fotoen weisen vun den Plaatzen wou ech ganz gäeren Fotoen maan. Un verschiddenen Deeg ass et och méiglech an der Déifferdénger Géigend Fotoen ze maan, ech sinn allerdengs am Summer net esou oft do am Eck.

Falls der awer eng speziell Plaatz am Kapp hudd, wou mer den Shooting sollen maan, kennt der mer daat gären schreiwen :)

Fir Shootings dei ausserhalb vun Déifferdeng (Emkrees vun mengem Studio) oder Lenningen stattfannen, muss ech 0,30€/km (aller-retour - gerechnet vun mengem Home Office zu Lenningen aus) verrechnen.

Ooflaaf

Fier den Shooting selwer brauchs dir just Zäit an gudd Laun. Schwätzt ierch just vun den Kleeder hier oof, dass der Faarwlech bessi beineen passt. Wichteg ass awer, dass dir Ierch an ärer Kleedung wuelfillt!

Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.

Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt.

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop.