Wichteg Infos:
Moien

Fier d'eischt emol:
du brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen, och wann der zu der Plus-size Gesellschaft gehéiert!

Dir braucht absolut keng Angscht ze hun!

Fier den Shooting selwer brauchs du just lauter verschidden Dessous, Stylen/Schminken brauchs de dech net, well een daat op der Aart Fotoen net gesäit. Den Daag vum Shooting selwer kucken mer all deng Dessous duerch an beschwätzen dann wéieng Art vun Fotoen du gudd fënns. 
Beim Shooting selwer soen ech der wéis de dech solls poséieren (ech gesinn besser wei d'Luucht an den Schiet op däin Kierper fällt) an wéisen och Beispillsfotoen fie dass de wees waat mer maan. 

Wou?

All Studio-Sessiounen fannen bei mir doheem statt. Ech wunnen zu Lenningen (+- 15 min vun Sandweiler fort), et fiert och all Stonn een Bus vun der Stadt aus bis bei mech. 


D'Adress mat Erklärung schécken ech réicht den Daag fierdrunner fort, sou kann ech nachengkeier nofroen ob eisen Shooting nach steht an kann der deemnowei nach wichteg Informatiounen mat gin.

Noom Shooting:

Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.

Nodeems ech Fotoen bearbescht hun, leen ech direkt mat der Bestellung vum Buch lass (falls dir eng Favoriten Foto hudd dei wellt um Cover hun, musst der mer daat direkt bei der Selectioun schon soen), et dauert zweschten 5-10 Wierksdeeg bis d'Buch bei mir unkënnt. Ech soen dann bescheed an dir braucht et just nach siichen ze kommen:)

Fier äer Fotoen an digitaler Form ze hun, kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt (et gin zwée separat Links gescheckt: engkéier mat den bearbeschten Fotoen an engkéier mat den onbearbeschten Fotoen). Falls der Fotoen awer leiwer op CD/DVD wëllt ass daat och keen Problem, soot mer do just freih genuch Bescheed wann der äert Buch siichen kommt.

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop. Eischtens ass do net genuch Plaatz drop, an et dauert bis Fotoen faerdeg exportéiert sin.

Special

Een Shooting wou der mat engem Kado dono heemgidd :)

330.00TTC

15 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Et gëtt een Buch derbei waat der kennt verschenken: 19x19cm mat 14 Säiten
Ongeféier 1-2h Shooting
Fotoen gin bannen gemaa an sin schwaarz/waiss.
Dir kriit all Fotoen onretoucheiert an bäschter Qualitéit gescheckt.