Moien

Fier d'eischt emol:
du brauchs absolut keng Erfahrung fierun der Kamera zehun fier esoueen Shooting! :) An jiddfereen deen sech traut dierf natierlech sech bei mer mellen, och wann der zu der Plus-size Gesellschaft gehéiert!

Dir braucht absolut keng Angscht ze hun!

Fier den Shooting selwer brauchs du just lauter verschidden Dessous, Stylen/Schminken brauchs de dech net, well een daat op der Aart Fotoen net gesäit. Den Daag vum Shooting selwer kucken mer all deng Dessous duerch an beschwätzen dann wéieng Art vun Fotoen du gudd fënns. 
Beim Shooting selwer soen ech der wéis de dech solls poséieren (ech gesinn besser wei d'Luucht an den Schiet op däin Kierper fällt) an wéisen och Beispillsfotoen fie dass de wees waat mer maan. 

Wou?

All Studio-Sessiounen fannen bei mir doheem statt. Ech wunnen zu Lenningen (+- 15 min vun Sandweiler fort), et fiert och all Stonn een Bus vun der Stadt aus bis bei mech. 


D'Adress mat Erklärung schécken ech réicht den Daag fierdrunner fort, sou kann ech nachengkeier nofroen ob eisen Shooting nach steht an kann der deemnowei nach wichteg Informatiounen mat gin.

Noom Shooting:

Noom Shooting kriit der vun mir een Link gescheckt mat enger Online-gallerie wou all är Fotoen dran sin. Do kënnt der auswielen wéieng ierch gefaahlen an dann wees ech direkt Bescheed weieng ech bearbeschten muss.

Nodeems ech Fotoen bearbescht hun kriit der rem een Link vun mer gescheckt. Deen ass vun enger sëcherer Säit wou der är Fotoen downloaden kënnt (et gin zwée separat Links gescheckt: engkéier mat den bearbeschten Fotoen an engkéier mat den onbearbeschten Fotoen).

Dir braucht keen USB stick matzebrengen, ech maan d'Fotoen do NET drop. Eischtens ass do net genuch Plaatz drop, an et dauert bis Fotoen faerdeg exportéiert sin.

Ech muss oofsoen..

Daat kann leider fierkommen dass ierch eppes ongeplangtes dotescht kënnt oder dir krank gidd. Mer kënnen éisen Shooting natierlech op ären Wonsch nohuelen (innerhalb vun engem Mount).

Wann der allerdéngs den Shooting komplett oofsoot dann kriit der awer eng Rechnung vun mer:


2 Wochen - 24h fierdrunner = 50% vum finalen Präis
24h - 0sec fiedrunner = 100% vum finalen Präis

Standard

-

450.00TTC

20 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Ongeféier 2-3h Shooting
Fotoen gin bannen gemaa an sin schwaarz/waiss.
Dir kriit zousätzlech all Original Fotoen onretoucheiert.
Den Styling ass net mat anbegraff.

Deluxe

-

550.00TTC

30 héisch qualitativ retouchéiert Fotoen.
Ongeféier 2-3h Shooting
Fotoen gin bannen gemaa an sin schwaarz/waiss.
Dir kriit zousätzlech all Original Fotoen onretoucheiert.
Den Styling ass net mat anbegraff.